ARA Podcasts

ARA Podcasts


Steieren spueren mat der Tubaksindustrie

January 08, 2021

Wann een u Lëtzebuerg an Zigaretten denkt, dann denkt een direkt dorunner, datt de Grand-Duché mam Verkaf vun Tubak vill Steiersue verdéngt. Véier grouss Tubaksfirme gëtt et, déi ronn 60 Prozent vum Marché ausmaachen. Dës Multinationale versichen natierlech och, méiglechst wéineg Steieren ze bezuelen. Mir hunn eis een Rapport dozou ukuckt, an deem natierlech och Lëtzebuerg virkënnt. Do gi mir da gewuer, wat Landewyck an de Mudam mat Steiervermeidung ze dinn hunn.