ARA Podcasts

ARA Podcasts


Drogen am Prisong

December 18, 2020

Dës Woch beschäftege mir eis mat engem Thema, vun dem net dacks geschwat gëtt. Zwar wëssen déi meescht Leit, datt och am Prisong Drogen konsuméiert gëtt, mä wéi d‘Situatioun genee ass, doriwwer gëtt wéineg geschwat. Een néie Rapport vun der Ombudsman Claudia Monti ass op d‘Situatioun agaangen an huet e puer Pistë gewisen, wéi déi Situatioun verbessert kéint ginn. Mir diskutéieren, wat d‘Cannabis-Legaliséierung mam Prisong ze dinn huet a wisou Spezial-Gerichter fir Drogenaffären eng Léisung kéinte sinn.