ARA Podcasts

ARA Podcasts


Ëmmer nach vill Onkloerheete ronderëm „Luxembourg in Transition“

October 30, 2020

Däerf een um Enn vum Landesplanungscasting „Luxembourg in Transition“ een Duett mam Claude Turmes sangen? Och wann déi Fro sech relativ einfach beäntwerte léisst, so bleiwen och no der offizieller Präsentatioun vill oppe Froen, wat et mat dem Projet genee op sech huet. Mir maachen de Resumé vun deem, wat sech zanter Juli geännert huet. Verschidden Ongereimtheete stinn allerdéngs ëmmer nach am Raum, besonnesch wat de Rôle vun der Fondatioun Braillard ugeet. An mir kucken eis un, wat dann am Endeffekt um Schluss vun dem Prozess kéint erauskommen.